VOICE EXPRESS

Zesumme sangen, mol anescht!

Wéi kléngt meng Stëmm? Wéi fillt se sech u wann ech schwätzen, flüsteren oder en Toun entstoe loossen? Wéi huelen ech meng Stëmm am Raum an am eegene Kierper wouer? Fält et mir liicht, meng Stëmm kléngen ze loossen a mat hir Raum anzehuelen?

An dësem Workshop maache mir eis op d'Sich no eisem eegene Klang. Mir experimentéieren mat eiser Stëmm, lauschteren eis selwer an déi aner no a entdecken, wat verschidde Stëmmen an eis ausléisen. Wat geschitt, wann eis Kläng openeen treffen? Wéi reagéiere mir op de Klang vun eisem Géigeniwwer? A wéi kënne mir als Grupp zesummen e gemeinsame Klangraum schafen?

Duerch geziilt Stëmm- a Lauschterübunge ginn mir eiser Stëmm Raum a verschafen eis Gehéier – jidderee fir sech an zesummen als Grupp. An engem geschützten a séchere Kader experimentéiere mir fräi, ouni Drock a Bewäertung, an entdecken déi vill verschidde Facettë vun eiser Stëmm.

Et brauch ee keng Virkenntnisser, just Virwëtz an d'Loscht, sech op eng nei Erfarung anzeloossen.

Esther Conter

D’Esther Conter begleet als Stëmm- an Ausdrockcoach Mënschen dobäi, hiert kreatiivt Potenzial z’entfalen an hir authentesch Stëmm ze fannen.
No hirem Bachelor op der Folkwang Universitéit der Künste an hirem Master zu Wien verbënnt si Konscht, Musekspädagogik a perséinlech Entwécklung.
Als Sängerin a Performerin schafft si a Musical -, Concert - an interdisziplinäre Projeten. An hirem Coaching verbënnt si Gesangstechnik mat Achtsamkeet a bewosster Kierperaarbecht.
Hir Aarbecht steet fir Authentizitéit, kënschtleresche Virwëtz an d’Iwwerzeegung, datt all Stëmm et verdéngt, gehéiert ze ginn.

11:30–13:00 · 90’ ‍ ‍
Langue : Lëtzebuergesch
Public : Tout public
Participants : 15 maximum