Wa Musik d'Léiere begleet!

Wéi kann ee musikalesch Elementer an de Léierprozess abauen?

Wa mir u Schoul denken, denke mir oft un Aufgaben, Erklärungen a Reegelen. Mee wat ass mat Rhythmus, Kläng a Melodien? Wéi kënne si eis beim Léieren ënnerstëtzen?

Rhythmus begleet eis iwwerall: an der Natur, an eisem Kierper an an eise Beweegungen. Rhythmus gehéiert zu eisem Alldag a beaflosst, wéi mir eis beweegen, d’Zäit erliewen an eis orientéieren. Wéi kënne mir dëst natierlecht Element notzen, fir Kanner an hirem Léierprozess ze begleeden an ze ënnerstëtzen?

An dësem Workshop wëll ech meng Erfarungen deelen an zesumme mat de Participanten entdecken, wéi mir Rhythmus, Kläng a Melodie ganz natierlech an den Alldag integréiere kënnen. Dobäi geet et mir drëm, d’Verbindung tëschent Kierper, Rhythmus a Léieren ze verstoen an ze kucken, wéi dës Elementer d’Léieren an d’Zesummeliewen an der Schoul beräichere kënnen.

Julie Engel

Psychomotricienne an dynamesch Konschttherapeutin

No puer Joer als Rééducatrice en psychomotricité an enger Förderschoul, hunn ech séier d’Roll vum Rhythmus an dem kreative Schaffen an der psychomotorescher Entwécklung erkannt. Duerch eng zousätzlech Weiderbildung iwwert 3 Joer an der dynamescher Konschttherapie, si mir dës Aspekter nach emol méi däitlech ginn.

Dynamesch Konschttherapie verbënnt Elementer aus der Musiktherapie a plastesch Konscht fir de kreativen an therapeutesche Prozess ze ënnerstëtzen.

11:30–12:30 · 60’ ‍ ‍
Langues : Lëtzebuergesch
Public : tout public
Participants : 6 maximum

Instagram: @room.for.feelings