Klangbad

Eng Invitatioun fir eng Paus ze man

Mir verbréngen esou vill Zäit am Kapp. Mir denke, plangen an analyséieren. Dobäi verléiere mir heiansdo de Kontakt mam Moment, mam Kierper a mat eis selwer.

E Klangbad erschaaft e Moment, fir ze lauschteren, ze spieren an einfach ze sinn. Et gëtt näischt ze leeschten. Näischt richteg oder falsch ze maachen. Duerch Kläng a Vibratiounen entsteet e Raum, an deem’s du zur Rou komme kanns, méi bewosst ootemen kanns, an deng Opmierksamkeet op dat riichts, wat grad elo do ass.

E Klangbad bitt e geschützte Raum fir Präsenz an d'Méiglechkeet, sech vun de Kläng droen ze loossen an d'Wierkung vun der Musek net nëmmen ze héieren, mee och am Kierper ze erliewen.

Julie Engel

Psychomotricienne an dynamesch Konschttherapeutin

Mat Room.for.feelings probéieren ech duerch Kläng, Achtsamkeet a Rou, méi Plaz an eisem Alldag ze erlaaben…

… Plaz fir dech!

… Plaz fir deng Gefiller!

14:00–15:00 · 60’ ‍ ‍
Langue : Lëtzebuergesch
Public : tout public
Participants : 10 maximum
Matériel : Yoga-Matt, bequeem Kleeder, eventuell eng Ae-Mask

Instagram: @room.for.feelings