Stop Performing, Start Feeling

Firwat hu mir iwwerhaapt mat der Musek ugefaangen? Wat huet eis faszinéiert, beréiert an dozou bruecht, weiderzemaachen? War et d’Freed um Klang, d’Gefill, eis duerch Musek auszedrécken, oder dee besonnesche Moment, an deem mir alles ronderëm eis vergiess hunn?

Am Laf vun eiser musikalescher Entwécklung geschitt et dacks, datt de Fokus sech verlagert: Op eemol geet et ëm Technik, Perfektioun, Erwaardungen an d’Performance. Mir konzentréieren eis dorop, wéi mir eriwwerkommen, a verléieren dobäi heiansdo den Zougang zu deem, wat mir eigentlech spieren.

An dësem Workshop huele mir eis bewosst Zäit, fir rem no bannen ze lauschteren an eis Verbindung zur Musek nei ze entdecken. Mat klengen Übungen, Reflexioun an Austausch schafe mir Raum fir méi Bewosstsinn, Authentizitéit a Freed um Museksmaachen.

Et geet net drëm, besser ze performen, mee nees méi ze spieren.

Esther Conter

D’Esther Conter begleet als Stëmm- an Ausdrockcoach Mënschen dobäi, hiert kreatiivt Potenzial z’entfalen an hir authentesch Stëmm ze fannen.
No hirem Bachelor op der Folkwang Universitéit der Künste an hirem Master zu Wien verbënnt si Konscht, Musekspädagogik a perséinlech Entwécklung.
Als Sängerin a Performerin schafft si a Musical -, Concert - an interdisziplinäre Projeten. An hirem Coaching verbënnt si Gesangstechnik mat Achtsamkeet a bewosster Kierperaarbecht.
Hir Aarbecht steet fir Authentizitéit, kënschtleresche Virwëtz an d’Iwwerzeegung, datt all Stëmm et verdéngt, gehéiert ze ginn.

14:00–15:00 · 60’ ‍ ‍
Langue : Lëtzebuergesch
Public : Musiciens amateurs et professionnels
Participants : 8 maximum
Matériel : Instrument (si possible)