Rhythmik-Atelier fir Senioren

an Zesummenaarbecht mat der Fondation EME

Rhythmik fir Senioren op Basis vun der Jaques-Dalcroze-Pedagogie fërdert d’Musikalitéit an d’Kreativitéit andeems Musek mat kierperlecher Beweegung verbonne gëtt.

Si stimuléiert d’Opmierksamkeet, d’Fäegkeet zur Planung, d’Gediechtnes, d’Gläichgewiicht an d’Koordinatioun an engem agreable Kader, deen de sozialen Austausch fërdert.

E weidere positiven Aspekt dee sech bewäert huet, ass d’Preventioun vun Accidenter, besonnesch duerch d’Verringerung vum Risiko, ze falen.

Den Atelier dauert 50 Minutten a kann duerno bei engem gemittleche Patt a Maufel ausklenge gelooss ginn.

Nadja Burdot

D’Nadja Burdot ass Musekerin, Pädagogin an Autorin vum Solfi, enger Fm-Method a 4 Volumen mat enger Applikatioun fir Gehéierübungen (app.solfi.lu).

Hatt ënnerriicht am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an ass aktuell am leschte Joër Master Musek a Beweegung, Orientatioun Rythmique Jaques-Dalcroze op der Musekshéichschoul zu Genève.

D’Association Dalcroze Lëtzebuerg, vun där d’Nadja Co-Grënnerin a Presidentin ass, hëlleft, dës aktiv Pedagogie zu Lëtzebuerg inklusiv ze verbreeden a se fir Mënsche vun all Alter, onofhängeg vun hirem sozialen oder kulturellen Hannergrond, zougänglech ze maachen. 

15:30–16:30 · 60’ ‍ ‍
Langues : Lëtzebuergesch
Public : Senioren
Participants : 10 maximum